|
D’Hobby-Juegd soll ofgeschaaft ginn, fuerderen Juegdgéigner an Déiereschützer. E professionellen Wëldheger soll sech ëm de Wëldbestand an eise Bëscher bekëmmere Sou seet eng Meldung vun RTL. Wéi soll daat da goen. En ( 1 ) professionnellen Weldheger ? Et missten der op d’mannst 75 - 100 sin. Een dé sou eppes seet hutt vum Weldbestant awer net vill Ahnung. Ee Jeer deen nemmen eng Juegd vun 300 - 500 ha huet ass wéinsten 2 - 3 mol an der Woch a sengem Revéier fiir ze kucken ob alles an der Rei ass. E muss kucken wéi et mam Weldschued an de Wisen an an de Felder ass. E muss och kucken wéi et am Besch mam Verbass un de Beem ass. E muss stännige Kontakt mam Bauer a mam Beschmann hunn.. Et ass ganz einfach eng Zesummenaarbicht matt all deenen di an der Natur schaffen an dovu leewen. Wann de Bauer mengt et wiiren zevill Wellschwein do, da muss de Jeer réagéieren. Daat hutt mol guer neischt méi matt Hobby ze dinn. Et ass daat selwicht waat vill aaner Natur- an Emweltschützer maachen. Engem professionellen Weldheger, daat wellt jo soen engem Staatsbeamten wiir daat alles jo guer net méiglech.. Net zeitlech an och net organisatoresch. De Staat soll d’Spillregen schaafen, déi fiir jidfereen akzeptabel sin, an da sollen di 2 Parteien mateneen schwätzen an zesummeschaffen zum Profitt vun Natur an Emwelt. De Staat mecht scho vill ze vill, soll e lo och nach op d’Juegd goen. Et hutt kee Wärt fiir sech ze bekämpfen an ze streiden, d’Vollek opzehetzen a jaarelaang emmer daat selwecht ze soen. Miir sollen endlech zesummen mol eppes op d’Bee setzen an eis net stänneg dobausse bei de Leit blaméieren matt lächerlichen Argumenter a Streidereien di deene meesten schon laang op d’Nerve ginn. Wann ech kucken wéivill Leit gären ee gudde Maufel Weld eessen, da schengt et mer datt op d’mannst grad souvill Lett neischt géint d’Juegd hunn wéi deer aanerer. Schwaarz Schoof gett et iwwerall, net nemmen bei de Jeer mee och bei hiire sougenannte Géigner. Loosse mer déi lénks leien a bekemmere mer eis em daat Wesentlicht, an daat heescht do upaaken woù di eng an di aaner sech am beste kennen netzlich maachen am Dengst vun Mensch, Natur an Emwelt.
|