|
Klappjuegd 2008
Nomettes, den 9 Dezember em 13 Auer haten Jéer vun a ronderem Buurschent Rendez-Vous op der Buurschtermillen.
Den Junker Raymond an de Kremer Charel haten desen Dag op hir traditionnell Klappjuegd geruff. Wéi gewinnt waren se all pènktlech do. Et gouf nach séier eng Taass Kaffi gedronk, de Péiter krouch och nach eng Drepp, an du konnt et lass goen. An enger klenger Usprooch huet de Raymond d’Juegdfrenn begréisst an hinnen d’Spillregelen explizéiert. D’Hirschkou hate mer fir déen Dag zou gemach. All aanert Weld konnt geschoss gin wéi d’Gesetz et erlaabt. Fir net zevill Réi ze schéissen, haate mer gesoot, nemmen 1 Réi um Posten. Duerno sin d’Opsteller mat hiire Gruppen an de Bösch gescheckt gin. Hecken Yves (Le Monsieur qui rit) goung mat senge Lett op d’Bramillen, Bodevings Jos goung op d’Welschter Grenz, Schmitzen Aloyse op d’Bierdener Grenz a Schanke Raym an d’Froumicht . Mir hun eis dunn matt de Kläpper an zwou Gruppen opgedeelt. Di eng hun di Kehmener Seit gemeet an di aner de Schack. Et gouf ugetuut an dunn ass et richtig lass gaang. Scho ganz am Ufank hu sich 2 Réi a Richtung Rannerknapp durch d’Bascht gemach. D’Kläpper hunn hiirt Best ginn a scho sin di éischt Schess Gaangen. De Rodenbours Marc hutt geflucht am Gedrecks, a Garys Josy ass him baal net no komm. Hei waren d’Schwéin ganz fresch soot de Pitti, an obeemol ée Kréesch : de Marc stoung virun engem decke Keiler. Waat maachen, leng an ouni Hond. D’Kläpper all no öwen an nach eng Kéier derduerch, mé kée Keiler méi wéit a breet, déen haat sech séier a Richtung Bach aus dem Stepps gemach. Et haat ugefaang ze schneien a mir waren sou gutt wi färdeg awéi mer bei Schiltgesse Mill koumen, gouf ofgetuut. De Carlo Keiser haat engt Réi duurch de Kapp geschoss, Hecken Yves haat sengt propper breet geschoss. Am ganzen haate mer dréi Réi an e Fuuss an all Mensch war zefridden. Et gouf nach e Maufel geess an och nach ee Patt geholl a wi mer es all bal scho genuch haaten hutt de Jean-Jacques nach eng Fläsch roude Wéin zum Beste ginn. Merci de Kläpper, de Jeer mat Hond an de Meedercher di gehollef hun zerwéiern. 25.12.2008
Eng Klappjuegd ass réischt riwwer wann all Schoss dé gaangen ass, och séng Erklärung fonnt hutt. De Juegdhär muss wessen wén wou a firwaat geschoss hutt. Op en eppes geroden hutt an op waat e geschoss hutt. Waar en op séin Schoss kucken. Hutt en eppes font, Schweess oder Schnetthaar. Daat drett Réi watt mer op der Streck haaten war vu Burgs Jemp a di Saach mam Keiler gouf och geklärt. En ass aus dem Gedrecks raus gelaaf, roof an d’Gruecht an dun di aaner Séit rem an d’Stellung ran. En ass gelaaf a gelaaf bis en op éemol e Réi war an dun hutt och éng éeler Flent drop geschoss an dunn ass en als Keiler rem viru gelaaf. Op enger Klappjuegd ass et emmer besser alles ze beichten, da kann de Juegdhär sech richtig é Bild maachen an och mol selwer nach eng Kéier kucke goen. Wann ech lo nach wéisst wén de Fuuss geschoss haat. 08.02.2009
|