|
Fréier wéi eis Pappen nach op d’Juegd goungen gouf net sou vill Gedeessems gemach mat der Juegd. Si waren Baueren a si se méestens leng mol een Hues schéisse gaang oder wann et ganz gutt gaangen ass och mol engt Réi. Heinsdo sen se zu puer op d’Schwéin gaang wann én se agespuert haat. Mé daat war éischter raar. Si hunn net dru geduecht fiir d’Weld ze fidderen oder Aeppel an de Besch ze droen, well si haate mol net genuch fir sech selwer a fiir hiirt Véi, Feldhénger a Kanéngercher hun se gejoot duerno sen se éen huele gaang, hun nach bessen discutéiert, d’gouf engt Spill mat der Kaart gemach an da war et faerdeg. Si sen awer meestens leng mat hiirem Hond gaangen well et war haapsächlich fiir datt d’Mamm eppes haat fir an d’Deppen. Daat waren di kleng Jeer. Mé et d’gouf deemols daat anert och schon. Et gouf just net driwwer geschwaat. Besse mi réicher a besse mi Decker di d’Juegd matt aaneren Ae gesinn hunn. D’Prenzen an d’Kinniken, Adeliger an daer de et gaer geweest wiiren, jé di besser Leit hun deemols schon daat praktizéiert wou haut grouss Diskussioûnen driwwer gefouert gin. Deemols hutt keen deck Baake gemach, well se waren all frou wann se och mol heinsdo ée Maufel matkroùchen. Daat alles hut sich matt de Jaaren verännert, well och d’Gesellschaft sich verännert hutt. Di kleng Jeer gett et haut och nach. Et si keng Baueren méi mee aaner Duerfleit. Déi grouss Jeer se keng Kinnike a Késere méi, well et daer keng méi gett, mé et sen aaner Lett déi vill Suen hunn. Dofir soen ech datt iwwerhaapt néischt schlechter oder besser ginn ass. Et sen nach emmer Menschen, daer gudder an daer manner gudder di op d’Juegd gin, et sin eben Menschen. Daat énzegt waat geännert hutt ass d’Mentalitéit vun deenen di net op d’Juegd goungen a gin. Si brauchen daat jo net méi. Si hu vun allem genuch. Dofir ass et fir sie ganz liicht. Sie senn oùni eppes dervun ze verstoen einfach géint alles. An daat ass hiirt gutt Recht. Mée ech sen der Ménung datt eis Kanner, Enkelen an Urenkelen nach waerten op d’Juegd goen, grad sou wéi eis Pappen, Goùsspappen an Uurgroùsspappen. Et muss emmer ée Gleichgewiicht an der Bevölkerung do sen vun deenen di géint eppes sen an deenen di fiir eppes sen an da fuere mer guut. Et muss ée kennen op fairer Basis de Pro an de Contra ausdiskutéieren, oùni Hetz a Fanatismus, da Waert schon eppes Guddes derbéi rauskommen.
|