Hotel du Moulin
1, Buurschtermillen
L-9164-Bourscheid
Luxembourg

Tél.: (00352) 99 00 15
Fax : (00352) 99 07 40
dumoulin@pt.lu

French

German

English

Letzebuergesch

Belgique

Nederlands

 


 

Eng Bauerefraa vu Buurschent soot mer des Lescht : “ Charel, du muss de Fuuss schéissen, en hutt mer lo scho fiir d’Zweet meng Hénger all geholl. Du kriss och eng Dosen Eer wanns den e schéiss.”
Ech se lo kéen déen onbedengt d’Fiiss well alleguer oofschéissen, well sie fänke jo och vill Meis, mé wann de Bauer daat scho freet da mecht éen alt waat éen ugestallt gett. De Jéer leeft jo och gär mam Bauer op guddem Foùss. Ech sen du besse kucke gaang, mee ausser puer Réi a puer Hösen ass néischt doremmer gaang. De Keiler dee mer op der Klappjuegd net kritt haaten, wullt nach emmer gemittlich an deem aale Bongert, mee waat soll ée maachen. Durch Zoufall, ech sen do getreppelt, gesin ech di aaner Séit eppes sötzen. Et war ze wéit. Ganz lös schaffen ech mech enne bei d’Baach, a vun do konnt ech gesinn datt et éen décke Fuuss war. Kee Wonner, vun all dénen Hénger déi e schon enner Daag haat. E soùz do ze kucken, secher op eng Maùs ze warden. Op éemol dréit en sech em a kennt riicht op mech duer. En haat mech net enöcht geholl, well d’Loft koum vu senger Séit.
Lös hun ech mol een Dretter agemach a gewaart. Et hutt scho besse geklappt a mengem Hals. Wi en dunn op ongeféier 30 - 40 Meter vu mer wech war, hun ech um Heewel gezunn, a “Bou” ass d’Woll wech gefuer. De Fuuss war mausdoud. En hutt mol net méi gewibbelt wi ech bei e koum. Dun hun ech gesinn datt et éen uraale Ritt war. Ennen hutt schon éen Zant gefeelt an di aaner ware ganz ofgeschlaff. Fir sou éen  Fuuss ze kréien ass scho baal é Wonner, well et seet ee jo net fiir néischt fiir é ganz schlauen Mensch et wiir éen “aale Fuuss”. Hoffentlich waar et lo dee richtigen, deen d’Hénger geholl haat. Lo waarden ech nach just op meng Dosen Aer di ech versprach krouch.

[Home] [Juegd] [Oofgeschaaft] [De Fuuss] [Iwwert  d'Juegd] [Juegd 2008] [Richtig Geschitt]